Lëtzebuerg - eng medial ausgegrenzt Insel
Sunday, November 30, 2008 6:49:20 PM
Wien sech gewonnert huet, dass z.B. den Lëtzebuerger RTL hier Foussballsmatcher just iwwert Kabel an net iwwert Satelit iwwerdroen ka sech schon den Problem denken : Iwwerdroungsrechter.
Telé kukt de Lëtzebuerger gären - och wa mit mat digitalem Tv gepisakt ginn, deen ausser méi schéin Biller eis nach esou schéin Senderen wéi Bibel TV brengt awer duerfir a senger Standardkonfiguratioun keen Eurosport...
Am goussen wäitem Web gi mir ausgegrenzt. Beispiller gefälleg?
Bei MSN Movies soll een gratis (op däitsch) Filmer, wéi z.B. "good will hunting" kuken kënnen - et muss een just Reklammen déi virun an a während dem Film lafen erdroen. D'Lëtzebuerger kënnen awer alles vergiessen...

Da gëtt et nach Siten wou een déi Filmer nokuken kann, een se net gesinn huet - awer nees eng kéier sinn d'Lëtzebuerger ausgegrenzt :
Den däitsch-franzéischen Arte huet do Arte+7

Bon et gëtt awer een (Greasemonkey) User-javascript matdeem een den Inhalt mat Opera oder Firefox kuken kann - ofgesinn dass et lästeg ass dorondrem ze bastelen ass ass et wuel zweielhaft op dat legal ass...
E weideren Fall M6 replay
Ëmmerhinn erklären se an hierem Text u wat et läit :

















