Philos Blog

E puer lëtzebuergesch Kadoen fir ënnert den virtuellen Chrëschtbeemchen

, , , , , , ,

Dëst Joer waren jo Ebook-Reader ganz populär als Chrëschtkado. Mee huet och een e lëtzebuergescht Ebook?

Tjo, wat et nach net gëtt, kann een maachen... bigsmile

1ten Kado: Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst (Stand: 05.02.12)

2ten Kado: D'Vulleparlament am Gréngewald (Stand: 24.12.11)

3ten Kado: lëtzebuergeschen Spellchecker fir den Opera






Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst

Als éischt hätte mir do den Michel Rodange säin Renert oder och nach De Fuus am Frack an Maansgréisst genannt, als Ebook.

Als Quell huet dem Romain Hilgert seng publizéiert online Versioun gedéngt, deen mol op http://www.land.lu verëffentlecht gouf, awer elo just nach iwwert den Webarchiv ze areechen ass. Déi Versioun op Restena baséiert sech och op der Versioun.

Mat Hëllef vum Alexs hunn mer elo eng Ebook-Versioun (eng online-Versioun kënnt spéiderhin no). Si ass awer elo keng blann Kopie vun der aler Versioun: Ech sinn am gaangen Scannfeeleren se sichen a wäert demnächst eng komplett korrigéiert Versioun hei ubidden. D'Chëschtversioun ass schonn zur Halschent nogekuckt an hunn opmannst 50 Feeler verbessert. smile

Wien eng kéier engem e schéine Kado wëll kafen, kann villäicht un déi kommentéiert Ausgab vum Renert denken, déi hiert Geld wäert ass:

Méchel Rodange, 1987: Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld 1987. Neioplo am selwechte Verlag 1995 an 2008, ISBN 978-2-87954-036-8



D'Vulleparlament am Gréngewald

En zweet Ebook an dem Dicks säin D'Vulleparlament am Gréngewald. Selwer ofgetippt a vum Alexs an d'Ebook-Formater (mobi, epub, pdf, ...) konvertéiert.



Update vum lëtzebuergeschen Spellchecker fir den Opera-Browser

Nieft den elektroneschen Bicher hunn ech och geduecht et giff Zäit ginn fir mol en Update vum Opera sengem lëtzebuergeschem Spellchecker zu Verfügung ze stellen.

Zwar kann een den Spellchecker per Opera eroflueden an installéieren, awer leider vernoléissegen se do fir nozekucken, op et net schon eng besser Versioun gëtt.

Déi gett et. Den Michel Weimerskirch stellt op senger Säit http://spellchecker.lu/ verschidden Dateien ënnert EUPL V.1.1.- Lizenz zu Verfügung.

Dobäi ass och den Modul fir libreoffice, deen amfong och am Hunspell-Format ass, wéi Opera et braucht. Ech hunn just déi 2 Dateien déi Opera braucht erausgeholl an hei héichgelueden.

Et muss een einfach des Datei entpacken an déi 2 Dateien an Dictionnaires-Verzeechnes kopéieren:

Opera 10.0 uses the Hunspell dictionary format. Installing dictionaries will become easier before Opera 10.0 is released, but additional dictionaries can be downloaded and installed now by copying the dictionary files (*.aff and *.dic) to the local dictionary directory. Opera will recognize the additional dictionaries after restarting. The dictionary directory locations for each platform are listed below:

  • Windows: $PROFILE\dictionaries\ (where $PROFILE is the 'Opera directory' in opera:about)
  • Linux/UNIX: $PROFILE/dictionaries/ (where $PROFILE is the 'Opera directory' in opera:about)
  • Mac: ~/Library/Application Support/Opera 10/Dictionaries/

Zitat-Quell



Ech probéieren och hei regelméisseg déi Dateien ze aktualiséieren. smile

Majo, da bleift just nach ze soen:

Schéin Feierdeeg an e gutt neit Joer

party drunk

Edit: Link vum Spellchecker ugepasst

Edit2: Eng korrigéiert Versioun vum Renert héichgelueden.

Bal jiddwer Editeur huet "seng" eegen orthografesch "moderniséiert" Versioun erausbruecht. Déi ech am Internet fonnt hat, ass just deelweis un der neier Schreifweis ugepasst. Ech hunn dorunner näischt geännert an den Text ass een Hybrid zwëschen aler an offizieller Schreifweis: Esouguer een an dat selwecht Wuert kann op 2 verschidden Weisen do stoen. Nëmmen offensichtlech Scannfeeler hunn ech ewech gemaacht - an vun deenen gouf et eng hellen Wull smile

Memotechnik für Kanjis

Comments

Michel Weimerskirchpaperjam Saturday, December 24, 2011 2:58:22 PM

D'Spellchecker-Fichieren ginn et och ëmmer aktuell direkt hei: http://downloads.spellchecker.lu/source/lb_LU.zip

Merci awer fir d'Reklamm :-)

Michel

Bausch PatrickPhilo007 Saturday, December 24, 2011 6:07:56 PM

Gär geschitt bigsmile
Deen Link hunn ech nach net kannt.
Download-Link ëmgeännert, well ëmmer aktuell...

Write a comment

New comments have been disabled for this post.